d’Revue 2016 an der Presse

         Lëtzebuerger Wort.pdf          RTL Télé Lëtzebuerg 1          RTL Télé Lëtzebuerg 2

Weiderliesen
 



Logo

De Letzebuerger Theater stellt sech vir

De “Lëtzebuerger Theater”, fréier “Lëtzebuerger Theater – Les compagnons de la scène” gëtt et an där aktueller Form als asbl schon iwwer 50 Joër. Virun e puer Joër sin d’Statuten emgeännert gin, an den Numm “Les compagnons de la scène” ass ewechgefall. Vun deem Moment schwätze mir just nach vum “Lëtzebuerger Theater”.

Mir maachen 2 Produktiounen am Joër, eng am Fréijoër an eng am Hierscht.

All Fréijoër op en Neits gëtt déi méi wéi traditionnell REVUE opgefouert. Déi alleréischt REVUE gouf am Joër 1896 !! (jo, Dir hudd Iech net verlies) dem Publikum presentéiert. Mir spillen am Joër 2014 also schon déi 118. REVUE.
Première feiert d’REVUE all Joër am Groussen Theater an der Stad. Mee och zu Esch am Theater an, zanter dem Joër 2004, och zu Ettelbréck am CAPE ass d’REVUE net méi ewechzedenken.

All Joër am Hierscht spille mir en Theaterstéck, wat zanter 2011 an enger Co-Produktioun mam Kinneksbond vu Mamer och ëmmer do Première feiert, an doriwwereraus och e.a. nach zu Esch am Theater opgefouert gëtt

Mir fréen eis alleguer, Iech nach laang Joren vill Freed ze bereeden mat eisen Produktiounen.