Archiven


Commentaire vum 10.06.2011 ëm 16:39
Nom: Annette Wunnuert: Remeleng

Leif Revueacteuren,
war gescht op Ärer Firfeirung zu Esch.
Also et war super, e groussen Bravo....ech hätt jo nach
eng Stennchen nogelauschtert....wi rklech stark.
LG
Annette

Visites Annette Homepage | E-Mail à Annette | Ufank vun der Seit
Commentaire vum 27.05.2011 ëm 23:21
Nom: Soda Wunnuert: Letzebuerg

E ganz decke Bravo fir d'Revue vun desem Joer!! E Bravo fir de Régissör !!
An déne ville gudde Stömmen!
Di méscht Sketscher hun eis gudd gefall.
An daat näxt Joer simmer rem dobei!
:-)

E-Mail à Soda | Ufank vun der Seit
Commentaire vum 17.05.2011 ëm 21:10
Nom: Tanja Wunnuert: Echternach

Ech hun déi aner Acteuren awer och ganz iwerzeegend fonnt. Ennert deenen Neien sin puer verstoppten Talenter! Den Marc Schmit ass natirlech top, allerdengs huet hien och déi top Rollen, wou bestemmt och aner Leit géifen dran glänzen. Alles an allem, eng super flott Revue (mol rem eng Kéier seit e puer Joer) :-D

Ufank vun der Seit
Nom: Patrick S. Wunnuert: Echternach

@ Nico Z.: Total denger Mehnung. Daat waat ech do op der Revue gesin hun, hued mech sou Eppes vum Hocker gerass, daat gleeft Keen! D'Gesamtleeschtung vum Häer Schmit hued mech total iwwerzeegt an ech muss zougin, dass sein Gesang mer plaatzeweis och en angenehmt Gänsehautfeelin g besuergt hued.

Ufank vun der Seit
Commentaire vum 13.04.2011 ëm 23:43
Nom: Nico Z. Wunnuert: Bascharage

Marc Schmit!!Einfach Genial , eng aaner Liga!!Absoluten Fan!!!!

E-Mail à Nico Z. | Ufank vun der Seit
Commentaire vum 26.05.2010 ëm 09:46
Nom: Steve Faber Wunnuert: Diddeléng

Top! Déi nei Editioun ass nees exzellent. Eenzeg Weemuddsdrëps: Obwuel de Public d'Zong laang gemeed kritt gët den D....... mol nët gedeelt. ;)

Ufank vun der Seit
Commentaire vum 13.11.2009 ëm 18:17
Nom: Zoltan Gaetti Wunnuert: Reckange/Mess

Eisen Internet-Site huet een zolitte Lifting verpasst kritt, a strahlt an engem ganz neie Layout...merci Fränz :-)
Dat neit Gäschtbuch wart deemno op all Är Commentairen an Zukunft, a weiderhin ganz vill Spaass mam "Lëtzebuer ger Theater"!

Visites Zoltan Gaetti Homepage | E-Mail à Zoltan Gaetti | Ufank vun der Seit
Den 06/11/2009 um 14:08
Patrick

Wat hat ëch mëch gëschter amuséiert mat Iech an ärem "Familljegeheimnis". Super Steck, super Régie an super Acteuren - an souguer (passend zum Fränk sengem neisten Song) en dresséierten Päiperléck op der Bühn

Ech kann nëmmen soen: R E S P E K T

Dat motivéiert jo nees richteg fir am Dezember nees selwer op den Brieder ze stoen (pssst: zu Uewerdonven -en Fall fir d'Bom - d'Nathalie wollt iwrigens ëmmer nach eemol kucken kommen)
 
Den 07/05/2009 um 14:51
Magic

all respekt, waren geschter zu Esch, an et hued ons goud gefall, war ee flotten owend, Merci
wenschen na viel spass a feiert goud zum ofschloss
 
Den 04/05/2009 um 21:49
Mully

E groussen Bravo fir Är Acteuren a Museker vun dësem Joer an der Revue.

Et huet eis nees tip-top gefall (den 2. Deel zwar méi wéi den 1.) Och d'Musek war ganz gutt, just deelweis par rapport vun de Sänger ze fest.

Macht weider esou.
 
Den 02/05/2009 um 12:15
Oli

Wow... Respekt, war schon souvill Stecker vun erch kuken, an hun allkeiers gudd gelacht me am leiwsten hun ech nach Revue an e groussen Bravo un den den den Vogelgast gespillt huet^^Ahjo an dei sach mam Schiltz an Afrika genial XD So mol geet et dei vllt ob dvd oder sou ze kaafen? Geif mech freen iwer eng aentwaert^^
 
Den 24/01/2009 um 18:37
Katia

Hallo
Et ass emmer flott iech kuken ze kommen, an mir lachen och emmer gudd....
Super macht dir daat an dofir vun hei aus een groussen B R A V O un ganz Equipe WEIDER SOU
bis déi nächste Kéier
 
Den 24/12/2008 um 13:57
Doerfel

hallo,
wollt froen op en dat theatersteck "d'jonggesellnkescht" op dvd oder videokasett ze kaafen kritt

j. doerfel

doerfel@pt.lu
 
Den 08/12/2008 um 20:59
Konsbruck-Noël Yves a Simone

Mir hun de 7.12.2008 eng Super-Virstellung erliewt ....., déi ze séier eriwer wor.
Dir wart alleguer fantastesch:
- ugefaang beim Stéck
- iwer d'Régie (Bravo Zoltan!!)
- bis bei d'Acteuren, mam Marc als coolen Gelungenen.
BRAVO!! weider esou!
Mir komme kucken!!
 
Den 18/11/2008 um 22:23
Bernard

BRAVO A TOUTE L'EQUIPE ...J'adore Jessica MELO
 
Den 13/10/2008 um 10:13
Théa

TOI, TOI, TOI fir d'première vun haut den owend, an grad esou vill succès wéi déi lescht joeren. hale ganz fest daumen
 
Den 09/06/2008 um 08:52
Doris

Ich finde den Aufbau der Seite sehr gut. Macht weiter so.
Den 29/05/2008 um 18:55
Maggy

D'Revue war wéi emmer ganz schéin.E richteg gudden Lachowend.Frée mech awer och schon op Theatersteck.Daat gefällt mer nach besser.
 
Den 21/03/2008 um 12:40
Théa

der ganzer equipe vun der revue 2008 TOI, TOI, TOI fir d'première den ouschterméindeg !!!!!
 
Den 19/03/2008 um 19:39
Viffchen


Firwaat spillt dir net eenmol Sonndesowes an der Stadt.( ausser am Nometten ) . Et gin Leit déi ganz Woch, och Samschsdesowes schaffen. Bei déi kommt dir sougär Iessen , no ären Vierstellungen ). Bis elo haaten mir emmer een Sonnden d'Méiglechkeet Owes kucken ze kommen, schon Joorelaang. Et deet eis wierklech Leed mée mir sin béis enttäuscht
 
Den 19/03/2008 um 11:57
Pol

Informatiounen op Ärem Site sin jo ok, me optesch misst vleicht mol eppes gemaach gin...
 
Den 25/04/2007 um 18:51
Annette

Salut, sinn iwert RTL hei op ären Site komm, an wollt iech soen är Opfeierung Revue 2007 war einfach geniall.
Et war leider fir dei eischte Keier wo ech d' Revue gesinn hun, awer mat Secherheet net fir d' Lescht.
Ech hun Tränen gelacht, an et war einfach geniall (nachemol).
Wollt iech all mein Respekt hei ausdrecken.
Leiw Greiss, Annette
 
Den 19/04/2007 um 23:51
Soda&Li

Dir waart wéi ömmer génial!! Merci!!! Dass Dir eis ömmer erem esou gudd un d'Laache kritt! Weider sou!
 
Den 17/04/2007 um 14:47
Monique Meyer

War geschter Revue kucken, kann ech nëmmen soen huet mer ganz gudd gefall an ech gratuléieren ersch alleguer :
 
Den 14/04/2007 um 11:11
Dagi

Also mir waren eis d'Revue och ukucken, an hun vill gelaacht. Den programm ass gudd bis ganz gudd. Gestéiert huet mech just dass een bei den Gesangseinlaagen den Text nët esou richteg verstaanen huet well den Orchester deelweis méi haart ewéi déi eenzel Sänger waren. An et sin och, bedéngt duerch déi Ambiance am Sall wou vill gelaacht an geklappt gin ass, ganz vill Sätz vun eenzelenen Schauspieler ennergaangen well déi riicht virun gefuer sin ouni en klengen Arrêt anzléen, daat ass schued. Mais fir den Rescht war et gudd.
 
Den 14/04/2007 um 11:06
Sonia

Schéine gudde moien,

Ech wollt Iech merci soen fir de schéinen Nowend geschter am Theater. Et huet mir super gefall an ech wärd next Joer bestemmt erem debäi sin. Macht weider sou
 
Den 13/04/2007 um 17:11
Mully

All Respekt der Equip vum Lëtzebuerger Theater (mam Orchester asw) fir déi wierklech super Revue 2007 a fir hiren onmossegen Asatz, well sou eppes rëselt een nët einfach sou aus den Ärm. Do stëcht vill Arbecht a Prouwen derhannert.

Si huet mir wesentlech besser gefall wéi déi lescht Joeren. Besonnesch positiv hun ech fonnt datt ët no all Sketch weidergang as dh ouni Black derzwëschent.
Macht weider esou.

De Mully vu Boufer.
Den 11/04/2007 um 23:49
Germain Jung

Ech wollt merci soe fir dee schéinen a flotten Owend dee mir bei der Première verbruecht hun. Mer hu gutt gelaacht, hei ans do bis d'Tréine koumen. E super Programm mat engem super Team!!!

GJ
 
Den 11/04/2007 um 21:17
nicolas kemmer

War wei dei lescht Joeren alt rem eng Kéier dobai an hun d Freed gehaat dei ganz Equipe kennenze leiren an ech muss soen dass se wierklech all ganz fein sin. Haat immens Spass drun a freen mech schon op dat wat kennt...
Merci un d 'Monique dat mech matgeholl huet an un d'Acteuren dei ganz fein sin.

Bis dann
Nicolas
 
Den 08/04/2007 um 13:15
Block

TIP TOP!!!
 
Den 30/03/2007 um 17:22
Mimo

Wann d'Guestbook och lo eng Zäit interruptus war, da wäert d'Kulturus interruptus et an deenen kommenden Wochen opstocken! Hoffentlech mat villen positiven Beiträg!
mm
 
Den 29/03/2007 um 20:08
Viviane Vitali

Wann d'Revue esou gudd ass wei meng Reservatioun haut mat 2 Emailen geklappt huet, dann kreien mir vill Freed.
Nach eng Keier merci un den Zoltan
Vv
 
Den 20/03/2007 um 18:57
JCM


A 14 Deeg si mir erem fir Iech am Groussen Theater mat der Revue 2007. Mir freen eis schon!
 
Den 20/03/2007 um 15:27
Zoltan GAETTI

Eist Guestbook as erëm online...Vill Spaass beim Schreiwen!