De Gromperekinnek
Deen een oder deen anere vun Iech kennt vläicht schonns déi kleng Geschicht vun där immens décker Gromper, dem Gromperekinnek, mä sou wéi den Henri Losch Iech se verzielt, kennt Der se bestëmmt nach net.Dës Geschicht ass vill méi grouss, an de Kinnek ass net eleng, neen, hien huet eng Fra, grad esou déck wéi hien, eng Gromperekinnigin eben.
De Gromperekinnek
Deen een oder deen anere vun Iech kennt vläicht schonns déi kleng Geschicht vun där immens décker Gromper, dem Gromperekinnek, mä sou wéi den Henri Losch Iech se verzielt, kennt Der se bestëmmt nach net.Dës Geschicht ass vill méi grouss, an de Kinnek ass net eleng, neen, hien huet eng Fra, grad esou déck wéi hien, eng Gromperekinnigin eben.
Wéi de Bauer a säi Jong am Hierscht d'Gromperen aus hirem Stéck rausgeholl hunn, hätten si déi zwou déckst am léifste fir sech behalen, mä déi entwutschen hinnen, maachen de Geck mat deenen zwéi Männer, a lafe fort, ëmmer weider, ouni ze wëssen, wat fir eng Geforen op si laueren. Déi onméiglechsten Déiere begéinen se, déi se direkt friesse wëllen. Wat déi zwee do fir Abenteuer erliewen, dat kann een sech bal net virstellen. Ganz geféierlech gëtt et och emol, mä déi zwee, de Kinnek an seng Madame, kënnen sech all Kéier aus der Patsch zéien, bis, jo bis um Schluss eppes geschitt, woumat keen hätt kënne rechnen, mä dat wëlle mer Iech net am Viraus verroden, soss ass et jo net méi spannend. Sou vill kënne mer awer soen, déi zwee si ganz léiwer, de Gromperekinnek a seng Fra.
Den Henri Losch erzielt seng Geschicht, eng ganz Rei Lëtzebuerger Schauspiller schwätzen den Text vun deene verschiddene Personnagen, an de Robi Arend an den Heng Kleren hunn dat Ganzt produzéiert a mat ville Geräischer a Musek ënnerluecht. No der Geschicht fannt Dir e flott Liddchen. D'Lidd vum Gromperekinnek. Hie selwer séngt äis vu wiem hie sech fänke léisst a wat fir eng gutt Saache fir z'iessen ee mat esou enger Gromper ka maachen. D'Musek ass vum Robi Arend an Heng Kleren a gesonge gëtt den Text vum Al Ginter.
Dës Melodie fannt Dir ganz um Schluss vun der CD nach eng Kéier, do ouni Wierder, sou datt Der mat deem klenge Bichelchen, wat derbäi läit, selwer sange kënnt.
Dee kompletten Text vum Gromperekinnek ass am "Word" Format op der CD fir erauszedrécken.
Een CD fir all Kanner, grouss a Kleng, fir Museksfrënn, a Léierpersounen, déi domat eng flott Mäerchen- a Museksstonn hale wëllen.
Des Produktioun ass ze bestellen mam Bestellformular hei drënner.